Ausscheedungen Kriterium um Briddel

16 Spilldëscher an der neier Sportshal



15 October 2021

De leschte Sonnden waren d'Ausscheedungen vum Kriterium Minimes - Cadets - Juniors an der neier Sportshal um Briddel. Matgespillt hunn de Leonard, Spyros a Vasco bei de Minimes, de Leon bei de Cadets an de Paul R. an Paul B. bei de Juniors.

Fir d'Finall, déi den 12.12. zu Lëntgen gespillt gëtt, hunn sech dobäi de Leon an de Paul R. qualifizéiert. Bravo!