D'Resultater vum 29.1.2022

Cadets Championnat zesumme mam DT Bartreng



30 January 2022

Zäit fir mol nees eng Kéier een Update ze maachen vun eisen Equipen. Momentan sinn d'Resultater awer ganz staark dovu beaflosst wéi vill Spiller opgrond vu Corona net spille kënnen. Dëse Weekend bloufe mir awer mol eng Kéier verschount, deementspriechend waren d'Resultater gutt, an dat géint staark Géigner.

Briddel 1 - Recken 1: 5-3
Briddel 2 - Iechternach 2: 4-4
Briddel 3 - Leideleng 1 : 4-4
Briddel 4 - Nouspelt 6: 7-1



Och bei de Cadets konnten eis Jongen iwwerzeegen an hir Matcher gewannen. Domat spillt Briddel 1 dann an der nächster Ronn ëm den Titel an der Nationaldivisioun wärend Briddel 2 den Ofstig vermeide konnt.

Briddel 1 - Lënster 1: 6-3
Briddel 2 - Mondorf 1: 7-2