Minimes Championnat

Minimes Championnat an der Sportshal um Briddel



28 June 2021

Zum Ofschloss vum Minimes Championnat, hunn eis jonk Spiller nach eng Kéier excellent Resultater erreecht.

Briddel 1 gewënnt hir dräi Matcher 6-0 (géint Diddeleng 2, Féngeg 1 an Bartreng 2) a beleet domat déi éischt Plaz an der DIV 2 - DIS 2.

Briddel 2 gewënnt 4-2 géint Recken a verléiert 4-2 géint Lenneng 1 an 4-2 géint Ierpeldeng 1. Sie sinn domat 3. an der DIV 2 - DIS 4.

Briddel 3 gewënnt 6-0 géint Hueschtert-F. 1, 5-1 géint Gilsdref-V. 1 a verléiert 4-2 géint Recken 2. Si sinn domat 2. an der DIV 1 - DIS 1.

Ee grousse Merci un jiddereen dee gehollef huet dat ze organiséieren, an eisem, awer och an deenen aner Veräiner. Ee grousse Merci och un d'FLTT fir d'Organisatioun an d'Koordinatioun vun dëse Matcher ënner komplizéierten Konditiounen.